Seniors 1
Sonnden 30 November 2008
FC Red Star Merl-Belair - Les Amis de la Moselle Remerschen (reporté suite aux mauvais temps)
Seniors 2
Freiden 28 November 2008
FC Red Star Merl-Belair - FC Minière Lasauvage 2-0 (1-0)
Seniors 1
Sonnden 07 Dezember 2008
CS Sanem - FC Red Star Merl-Belair 1-2 (0-0)
No enger ausgeglachener Hallschent, dei mat 0-0 zu en Enn goung, huet den Meyers Jean-Luc Ufanks vun der 2ter Halschent den Red Star mat 0-1 an Feierung bruecht. Nodeems Suessem rem mei vum Match haat, ass dunn och den Ausgleich gefall. Weider gung et mat engem Fraistouss un d'Kraiz an engem ooferkanntenen Goal fir Suessem. Am Konter schéisst den Moreira Joao den 1-2. No heftegen Protester an tumultartegen Szenen, wou nach den Stiermer vun Suessem Giel-rout gesait, päifft den Arbiter endlech den Match oof. 3 Punkten gin op Märel. Allez Red Star!
Sonnden 16 November 2008
FC Red Star Merl-Belair - Etoile Sportive Clemency 0-1 (0-1)
Den Red Star verleiert geint den Leader Kënzeg mat 0-1. De Goal ass no enger halwer Stonn gefall. Trotz villen Chancen huet Kënzeg den Saak net zougemaach, an sou koum et zu enger hektescher Schlussphase wou souguer e gleckleche Remis meiglech gewiercht wier. Photoen vum Match
Densden 18 November 2008
FC Red Star Merl-Belair - UN Käerjéng'97 2-1 (1-1)
Duerch Kampf an Diziplin gewennt den Red Star, an engem interessanten Match, geint den Tabellennoper vun Käerjéng. Mat heinsdo mei Realismus virum Goal, waer e mei kloert Resultat dran gewiercht. Goaler duerch den Christian Nord an Lino Rodrigues.
Sonnden 09 November 2008
FC Blo Wäiss Itzeg - FC Red Star Merl-Belair (1-2) 3-5
No engem emkämpftenen Kirmesmatch gewennt den Red Star 5-3 verdengt geint Izeg. Den Asaatz vun der ganzer Equip waar kämpferesch exemplaresch. Domat ginn mer d'Laterne rouge un Berbourg oof, an verloossen d'Oofstiegsplaazen. D'Buteuren vum Red Star waaren: Meyers Jean-Luc 2x, Zaramella Christoph, Santoiemma Giovanni, King Charles. Allez Red Star! Photoen vum Match
Freiden 07 November 2008
Etoile Sportive Clemency - FC Red Star Merl-Belair 2-4 (2-1)
www.esclemency.lu
No enger fantastescher Leeschtung gewennt den Red Star geint Kënzeg. Nodeem mer an der Paus nach 2-1 hannen wooren, hun mer Moral bewisen, den Match gedreint an verdengt gewonn. Jeweils 2 Goaler hun den Lino an den Filipe geschoss. Allez Red Star!